Kultur
Favoritte vum ESC 2018
Wie gëtt et dann dëst Joer? Wie wënnt den Eurovision Song Contest 2018 den 12. Mee an der portugisescher Haaptstad Lissabon? Op alle Fall sinn dëst Joer nees eng Rekordzuel vun Participante mat derbäi. An domat ginn, grad wéi 2008 an 2011, nees 43 Natiounen un den Depart. Déi sougenannte Big Five, dat heescht Frankräich, Italien, Spuenien, Groussbritannien an Däitschland sinn zesumme mam Vainqueur vum leschte Joer Portugal scho fir d'Finall gesat. De Rescht muss sech haut an en Donneschdeg duerch d'Halleffinalle quälen. Den Horst Senker huet sech schonn emol seng Gedanken iwwer d'Favoritte gemaach.