Kultur
Le Jeu de l'amour et du hasard
An Zäite vu Facebook, Instagram an Tinder schéngt d'Ausgesi eng méi wichteg Roll ze spille wéi de Charakter. Mee net jiddweree wëllt sech vum Ausgesinn täusche loossen. Scho guer net d'Silvia, een Haaptpersonnage am Pierre Carlet de Marivaux sengem Theaterstéck "Le Jeu de l´amour et du hasard". Och wann d'Stéck vun 1730 ass, sou schéngen d'Froen iwwer Léift a Bestietnis, déi hat sech stellt, net vill geännert ze hunn. D'Sophie Thoma war an enger Prouf am Kapuzinertheater dobäi an huet mam Laurent Delvert, dem metteur en scène, geschwat.