arrow_back_ios
Aktuelles
Atom-Accord mam Iran: Wie wëllt wat?
Den internationalen Atom-Accord mam Iran vun 2015 war allgemeng als grousse politeschen Duerchbroch ugesi ginn. Den amerikanesche President wëllt säi Land awer elo aus dem Accord zeréckzéien. Entgéint der zoustänneger UNO-Agence, déi regelméisseg Kontrollen duerchféiert, ass den Donald Trump der Meenung, datt Teheran sech net un d'Bestëmmunge vum Vertrag hält. Wat sinn d'Motivatioune vun den Haaptacteuren an där Fro? Eng Analys vum Michel Delage.