Kultur
"Twelve Points, Douze Points" oder och net
Fir deen een ass d'Annonce vun de Punkte beim Eurovision Song Contest dee spannendsten Deel vum Owend, fir en anere kéint een dat roueg op der Säit loossen. Fréier goufen et beim ESC manner Punkten ze verginn, mol ëm déi zéng oder bis zéng pro Land. Awer zanter 1975 leeft et nom selwechten Schema, et ass scho bal e Ritual: All Land vergëtt seng Punkten vun engem bis zu de berühmten "Twelve Points-Douze Points". Um Ufank, an den 1950er Jore goufe kleng Tafelen ëmgeklappt, haut ass d'Punktenannonce zu engem virtuelle Groussevent ginn. Den Horst Senker huet awer e puer Kuriositéiten ronderëm d'Punktenannonce beim Eurovision Song Contest fonnt.