Zäithistoriker
"On a pris la parole comme on a pris la Bastille"
D'Geschichtsbuch vum Arthur Herchen iwwer Lëtzebuerg war mat Ënnerbriechunge bis 1972 am Enseignement Secondaire um Programm. Vun de Siwwenzegerjoren un gouf et awer e grousse Changement: Eng Equipe vun Historiker - Gérard Thill, Paul Margue a Gilbert Trausch - huet eng véierbänneg Geschicht fir de Secondaire ausgeschafft. Net nëmmen inhaltlech, och vun der formaler Opmaachung hir waren déi véier Bänn eng kleng Revolutioun, a si weisen: Mee 68 ass och un der Geschichtswëssenschaft an un hirer pedagogescher Vermëttlung net spurlos laanscht gaangen, mengt d'Zäithistorikerin Renée Wagener.