Kultur
D'Hitler-Dagebicher, eng Fake-News
Viru 35 Joer hat den däitschen Noriichtemagasin Stern zu Hamburg op eng international Pressekonferenz invitéiert, wou d'Chefredaktioun vum Stern 250 Journalisten mat der presuméierter Medie-Sensatioun vum Joerzéngt ugelackelt huet. De Stern-Journalist Gerd Heidemann huet deemools dem Hitler seng geheim Tagebicher der Weltpress presentéiert, an déi Responsabel vum Magazin hunn annoncéiert, datt doduerch d'Geschicht vum Nazi-Staat a groussen Deeler misst nei geschriwwe ginn. Schlussendlech huet dat Ganzt sech awer als eng riseg Fappe erausgestallt. Explikatioune vum Jean Claude Majerus.