Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Shadow's Night & Memoriam

Shadow's Night & Memoriam

Release vun der Woch: Memoriam - The Silent Vigil (6,5/10)

Do haten d'Riffmeeschtere vu Memoriam wuel ferm Langweil: Nëmmen ee Joer no hirem Debutalbum For The Fallen, hate Memoriam den 23. Mäerz well hiren zweeten Album um Start. Oder waren iren nach esou vill Bolt Thrower Riffer iwwreg, wéi d'Band sech opgeléist a Memoriam gegrënnt huet, dass sou séier neit Material do ass?

Sou oder sou fänkt The Silent Vigil mam Opener Soulless Parasite do un, wou säi Virgänger opgehalen huet: Bolt Thrower Leads, déi sech an d'Gehir abrennen, gemëscht mam raue Charme vu Benediction en engem Sound vun der ganz aler Schoul.

E staarken Ufank, deen awer leider net esou bäibehale ka ginn: Nothing Remains an dat bësse méi séiert From The Flames kënntn zwar och op Plazen iwwerzeegen, ma op anere Plaze feelt et un Tightness an deels kommen dem Frontmann Karl Willets seng Vocals esouguer bëssen onmotivéiert eriwwer. Déifste Punkt um Album ass wuel den Titeltrack, bei deem ee sech heiansdo fillt, wéi wann een enger Schülerband géif nolauschteren, déi grad hir éischt Metal Riffer geschriwwen hunn, wéi dem Iwwerrescht vun de britesche Legenden.

Duerno geet et awer nees biergop, mat Bleed The Same erreecht den neie Memoriam Album dann och säin Héichpunkt, wuel dowéinst well och hei nees alles un déi hypnotesch Bolt Thrower Riffer erënnert, déi esouwuel tonneschwéier, wéi och melancholesch sinn. An dobäi traue sech Memoriam genuch Ofwiesslung an d'Riffer ze bréngen a loosse souguer Samplen mat an de Songwriting afléissen.

Och de Rescht vun den tracks um Album As Bridges Burn, The New Dark Ages, an No Known Grave wëssen nees mat lässege Leads, gäilem Groove a variable Vocals ze iwwerzeegen, bis de Closer Weaponised Fear rëm bëssen hallefhäerzeg dohir kënnt.

Op The Silent Vigil kënnen d'Bolt Thrower Ierwe vu Memoriam leider net esou iwwerzeegen, wéi um Debutalbum, an et wierkt esou, wéi wann dësen Album einfach nach net prett genuch gewiescht wier. Et ass een Album mat ville gelongene Momenter, ma och mat e puer béise Bemollen. Memoriam kënnen et besser.

Playlist

Napalm Death - The World Keeps Turning

Gruesome - A Waste Of Life

Shadowhispers - Slow Death

Dimmu Borgir - Council Of Wolves And Snakes

At The Gates - A Stare Bound In Stone

Kataklysm - Guillotine

Memoriam - Bleed The Same

Bullet For My Valentine - Over It

Lost in Pain - Gold Hunters

Kvelertak - Kvelertak

Episoden