Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Metalfestival Koplescht & Frostland

Metalfestival Koplescht & Frostland

Release vun der Woch: Frostland - Winterkult (7/10)


Am Review vun haut stellen ech iech nees eng méi onbekannt Band vir. Si kënnt allerdéngs vu guer net esou wäit wech, nämlech vu Köln a si nennt sech Frostland. Et gëtt d'Band zënter 2006, 2 Joer drop koum.eng éischt Demo Cd eraus. Eng 2. Demo CD koum dunn 2011 an 2014 gouf et nach eng drëtt Demo CD, iert 2015 eng éischt EP Visionenflucht erauskoum. Elo ass d'Band mat hirem Debutalbum winterkult um Start.


Wéi den Numm vum der Band a vum Album erkenne loossen, hu mer et hei mat Black Metal ze dinn, bei deem och d'Texter op däitsch gesonge sinn. Textuell geet et - Iwwerraschung - virun allem ëm d'Thematik vum Wanter, bzw alles wat mam héijen Norde vun der Welt ze dinn huet. Sou geet et beim Track Krater ëm d'Landschafte vun Island, bei Aurora Borealis ëm d'Nordliicht an ee Song huet d'Koordinate vun der Insel Ultima Thule als Titel, der nërdlechster Insel iwwerhaapt.


Musikalesch kann een de Mix als Mëschung tëscht skandinaveschem an amerikaneschem Black Metal beschreiwen, woubäi d'Atmosphär an de Lidder staark u schwedesch Bands erënnert


De Black Metal vu Frostland bitt dem Nolauschterer dobäi alles, wat ee sech als Black Metal Fan wënsche kann: kal, bäissend atmosphäresch oppen Akkorden, vill Blast Beats, genuch Tempo Wiessel an eng uerdentlech Portioun Rock n roll


Just vum Gesang weess ech mach net genee, wat ech hale soll.. zwar huet de Sänger déi typesch bm screams drop, schweift awer och dacks an emg Zort gjéimert Gejäitz iwwer.. dat ass net sou menges, passt awer trotzdem och bei d'Atmosphär vum Album


Alles an allem ass Winterkukt e ganz uerdentlechen, ronnen an intensiven Album, dee virun allem.deene Fans dierft gefalen, déi net nëmmen op konventionelle Klischee Black Metal stinn, mä frou si mat Ofwiesslung an Atmosphär!


Hei ass dann och den Titeltrack vum Album, hei si Frostland mat Winterkult


Playlist


Fleshcrawl - Festering Flesh


Nonexist - A Meditation Upon Death


Legacy Of Atlas - Your Fallacy


ASG - Survive Sunrise


Skindred - That's My Jam


Verni - Fire Up


Frostland - Winterkult


Iron Angel - Blood And Leather


Machine Head - Davidian

Episoden