Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - Bite Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Doomsday for the Deceiver

Doomsday for the Deceiver

Release vun der Woch: Flotsam & Jetsam - Doomsday For The Deceiver (9/10)

Den Album, deen ech haut am Review hunn, koum well virun 32 Joer eraus a muss eigentlech net méi virgestallt ginn. Ma haut gëtt den Album pénktlech fir hir spezial Doomsday Show um Keep it True Festival an Däitschland als remastert reissue verëffentlecht, dat op Vinyl an als Digi-CD, an dofir zielen ech iech trotzdem mol, watech vun dësem Album halen. Riets geet vum alltime Klassiker Doomsday For The Deceiver vu Flotsam and Jetsam.

Op dësem Thrash Album stëmmt einfach alles, dat fänkt bei der propperer awer haarder Produktioun un an hält beim ausgezeechnete Songwriting op, dee fir een Debutalbum kaum ze iwwertreffen ass. All Stéck rappt ee richteg mat, et gëtt immens vill Ofwiesslung, feilschnell Granaten a gelongen heavy Stampfer.

Den Opener Hammerhead gëtt dem Album en haarden a séieren Ufank a bidd engem Metal Fan eigentlech direkt alles, wat een héiere wëll

Iron Tears schléisst sech deem direkt duerno un an Desecrator ass grad esou eng gutt Nummer. No engem bësse méi schwaache 4. Track, dee sech witzegerweis d'selwecht wéi de 4. Track vu Metallica hirem Ride The Lightning "Fade to Black" nennt, gëtt et als Song Nummer 5 ee gäilen Titeltrack vun 9 Minutten, deen dësen Numm och verdéngt, well e mat sengem atmosphäreschen Intro an der Dynamik am Songwriting absolut ze iwwerzeege weess.

Eigentlechen Highilght vum Album ass awer wuel den Track duerno: Metalshock. D'Stéck fänkt mat engem cleane Gittar Riff a mat Piano un, schléit duerno an eng Thrash Nummer ëm, iert eng ganz Parti Lead-Breaks, méi séier Passagen an och den Deel vum Ufank d'Lidd op en Enn bréngen. Hei stécht iwwregens och e gäile Bass Solo vum Jasno Newsted eraus:

Och de Rescht vum Album ka sech deem uschléissen, woubäi d'Band mam Anti-Hitler Lidd "Der Führer" och e Klassiker geschriwwen huet.

Dat ganzt gouf fir dës Reissue, wéi gesot, nei gemastert, wat och gelongen ass, an dëse Kultalbum nach emol méi gäil klénge léisst. An als klenge Kaddo gëtt et och nach d'Demo Metal Shock vu '85 dobäi.

Playlist

Exciter - Stand Up And Fight

Scars on Broadway - Lives

Elysian Gates - Broken Inside

Amorphis - Wrong Direction

Miles To Perdition - Blasphemous Rhapsody

Nervosa - Never Forget, Never Repeat

Flotsam & Jetsam - Metalshock

LIK - Dr. Duschanka

Skeletal Remains - Seismic Abyss

Wiegedood - Parool

Dark Tranquillity - The Absolute

Episoden