Kultur
Boykott, Protest a Skandaler gehéieren zu der Eurovisioun
An der Geschicht vum Grand Prix d'Eurovision de la Chanson oder dem Eurovision Song Contest, gouf et laang net ëmmer nëmme Freed an Zefriddenheet. Wann, wéi dat zanter 1956 de Fall ass, Delegatiounen aus bis zu 43 Länner beienee kommen, ass dacks eng méi lass. Besonnesch wann et ëm politesch a kulturell Dimensioune geet. D'lescht Joer huet d'Ukraine déi russesch Kandidatin fir den ESC net areese gelooss. Armenien huet net matgemaach wou d'Final vum ESC am Aserbaidjan war an dat georgescht Lidd war beim ESC zu Moskau ze vill politesch an ass disqualifizéiert ginn. Dat waren elo Fakten aus de leschte Jore vum ESC-Zirkus. Mä Protester, Boykotter a soss Problemer gouf et och scho fréier, an natierlech dierfen do e sëlleche Skandaler och net vergiess ginn. Den Horst Senker huet zeréck gekuckt.