arrow_back_ios
Aktuelles
De Lëtzebuerger A400M: den aktuelle Stand
Säi Militär-Transportfliger Airbus A400M soll Lëtzebuerg eréischt an zwee Joer geliwwert kréien, am Mee oder Juni 2020: Dësen neien Datum huet den Direkter vun der Defense am 100,7-Interview genannt. Den aktuelle Kafpräis fir dëse Fliger fir de Grand-Duché läit bei ronn 200 Milliounen Euro. D'Fonctionnementskäschten iwwer 35 Joer solle sech - aus Siicht vun haut - op bal 500 Milliounen Euro chiffréieren. "Mir si bal bei 700 Millioune mat deem ganze Projet", huet den Direkter Patrick Heck confirméiert.