arrow_back_ios
Klassik aktuell
D'Mandolin, en Instrument mat Zukunft
Den Ensemble à plectre vun Esch/Uelzecht besteet aus Enseignanten, Studenten, mee och aus Amateuren, déi sech fir d'Mandolinn, d'Mandola oder déi klassesch Gittar begeeschteren. Am Repertoire huet ee keng schlecht Arrangementer vu Pop-Lidder, mee usprochsvoll Musek aus dem Barock, der Klassik an och zäitgenëssesch Wierker. Den Ensemble spillt iwwermuer Mëttwoch (2.5.2018) um 20:00 Auer an der protestantescher Kierch an der Stad. De Manuel Ribeiro huet sech mam Dirigent Juan Carlos Munoz ënnerhalen.