arrow_back_ios
Kultur
La Dispute
Wou ass den Ursprong vun de Säitespréng? Wie war als éischt ontrei - de Mann oder d'Fra? Fir dës Froen ze beäntwerten, soll den Ufank vun der Gesellschaft an de mënschleche Mateneen an engem Experiment imitéiert ginn. Dëst ass den Ausgangspunkt vum Marivaux sengem Stéck "La dispute", dat am Mee am TNL opgefouert gëtt. D'Sophie Thoma huet mat der Metteure en scène, dem Sophie Langevin geschwat.