arrow_back_ios
Klassik aktuell
Side by Side
E Samschdeg (28.4.2018) kréie Museksschüler aus Lëtzebuerg d'Geleeënheet un der Säit vu Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg op der grousser Bühn vun der Philharmonie ze spillen. Side by Side heescht dëse Projet, bei deem déi professionell Museker mat de Schüler zesummeschaffen a mat hinnen de grousse Concert virbereeden. De Luc Boentges mat Hannergrënn.