arrow_back_ios
Klassik aktuell
Ready for China
An engem Mount geet et fir de KammermusekVeräin Lëtzebuerg während zéng Deeg op eng Tournée uechter China mat véier Concerten a Stagë mat chinesesche Museksstudenten. Während där Tournée spillt den Ensembel och Wierker vu Lëtzebuerger Komponisten, vum Marcel Reuter a vum Camille Kerger. Als Astëmmung op dës nei Erfahrung fir den Ensembel gëtt et e Sonndeg (29.4.2018) am CAPE zu Ettelbréck ee Concert, wou Extraite vum Tournéesprogramm gespillt ginn.