arrow_back_ios
Zäithistoriker
Abrëll 71
De Lëtzebuerger Mee 68 huet am Abrëll 71 stattfonnt. Deemools waren déi gréisst Schülerdemonstratiounen, déi d'Land erlieft huet. De 27. Abrëll 1971 hunn 2.500 Schüler an der Stad manifestéiert. Zu Esch ware si 1.500. Déi Mobilisatioun war awer kee renge Jugendphenomen, mee eng Illustratioun vum déiwe Wandel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Den Zäithistoriker Vincent Artuso mat Hannergrënn.