arrow_back_ios
Key to Classics
Opbroch an nei Zäiten
"Onerhéiert" war e Wuert, dat am Ufank vum 20. Joerhonnert no enger Uropféierung dacks gebraucht gouf. Nach ni gehéiert war net nëmmen, déi Musek, déi do gespillt gouf, ni gesi waren och d'Skandaler, déi d'Opféierunge begleet hunn - sief et beim Strawinsky sengem "Sacre du Printemps" oder beim Ravel sengem "Boléro". Mee esou Provokatioune waren Absicht an Deel vum Marketing fir déi nei Kompositiounen.