arrow_back_ios
Kultur
Depressioun op der Theaterbühn
Ass Depressioun hautdesdaags an der Gesellschaft akzeptéiert oder muss e soen toleréiert, oder gehéiert Depressioun och haut nach ëmmer zu den Tabuthemen an eisem séieren, moderne Liewen. Déi jonk éisträichesch Dramatikerin Astrid Kohlmeier huet Depressiounen an hirem Theaterstéck "Winterstarre" thematiséiert, en Stéck dat haut vum Kaleidoskop Theater am Beetebuerger Schlass an enger Mise en scéne vum Jean Paul Maes uropgefouert gëtt.