arrow_back_ios
Kultur
Informelle Lunch mat der Suzanne Cotter
D'Nouvelle, datt dem belsche Kënschtler Wim Delvoye seng "Chapelle" am Mudam engem Espace pédagogique fir Jonker Plaz maache misst, hat zanter Enn Mäerz fir vill Diskussioune gesuergt. Den Delvoye selwer huet senger Enttäuschung Loft gemaach, wou en nëmme konnt. Déi nei Mudam-Direktesch Suzanne Cotter war dergéint net disponibel fir eng Ausso. Ee Mount drop sinn du Pressevertrieder op e conviviale Lunch an de Mudam invitéiert ginn. D'Kerstin Thalau faasst d'Gespréicher zesummen.