arrow_back_ios
Kultur
Der Leni Riefenstahl hiren Olympia-Film
Viru 80 Joer hat der däitscher Cineastin Leni Riefenstahl hiren Olympia-Film Première zu Berlin. Een Documentaire deen am Fong méi wéi ëmstridden ass. Ass der Dänzerin, Schauspillerin, Fotografin a Cineastin Leni Riefenstahl, déi am September 2003 am Alter vun 101 Joer gestuerwen ass, hiren Olympia-Documentaire an 2 Deeler "Fest der Völker"-"Fest der Schönheit" elo en Meeschterwierk aus der Filmgeschicht oder eeklegt Propaganda-Wierk?