arrow_back_ios
Kultur
Den DJ Avicii stierft am Alter vun 28 Joer
Eng traureg Nouvelle huet dëse Weekend wuel dominéiert, déi vum Doud vum schwedeschen DJ a Produzent Avicii. En ass e Freideg am Alter vun nëmmen 28 Joer an engem Hotelszëmmer am Oman dout fonnt ginn, d'Poliss geet weder vun engem Verbriechen nach soss vun friemer Schold aus. Iwwert der Weekend elo gouf awer kloer datt fir ganz vill leit d'Elektropopszene selwer de schwedesche Museker um Gewëssen huet.