Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Memento

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

100komma7.lu / Album vun der Woch

/ Unknown Mortal Orchestra - Sex&Food

Unknown Mortal Orchestra - Sex&Food

An diversen Nische vun der post-moderner Géigewaart leeschte Retro Gittaren ëmmer nach hiren Déngscht. Aus enger vun deenen Nischen, dem neo-psychedeleschem Rock huet sech Unknown Mortal Orchestra reegelrecht emanzipéiert. Mat dem Album vun der Woch, de véierten Opus "Sex&Food", ass déi Emanzipatioun ofgeschloss. Nei Téin, neien Input a nei Orchestratioune sinn zu engem organesche Ganze ginn. Dem Frontmann Ruban Nielson seng Iddi vun aussergewéinlecher Musek ass nëmmen nach relevant sou laang se sech alles kann erlaben. Op "Sex&Food" verschmëlze psychedelesch Nuancë mat Kaleidoskop-ähnlechem Pop, Lo-Fi en Masse, eng Prise R'n'B', retro Disco Beat, en Hint Soul an e gudde Strapp Authentizitéit. Unknown Mortal Orchestra offréiert déi genee musikalesch Suite vun den dräi éischte Scheiwen. "Sex&Food" ass eng dezent Aarbecht bei där versicht gëtt eng Setlist mat verschiddenstem Pedigree ze korreléieren.

Episoden

Eskapismus a Verzauberung

Vu Beethoven bis Kraftwerk: den Duo Decisive Pink presentéiert mat hirem Debutalbum "Ticket to Fame" absurden Electropop.
headphones

8 min

play_arrow

Eskapismus a Verzauberung

Vu Beethoven bis Kraftwerk: den Duo Decisive Pink presentéiert mat hirem Debutalbum "Ticket to Fame" absurden Electropop.
headphones

8 min

play_arrow

Mam Album Nummer zwee op Nummer sécher

No hirem gefeierten Debut vun 2021 stellt déi brittesch Musekerin Arlo Parks mat "My Soft Machine" de laang erwaarten Nofollger vir.
headphones

7 min

Joan of All

No 12 Joer Paus mellt sech déi amerikanesch Singer-Songwriterin Sarabeth Tucek als SBT zeréck a presentéiert ee staarken Duebelalbum.
headphones

8 min

play_arrow

Joan of All

No 12 Joer Paus mellt sech déi amerikanesch Singer-Songwriterin Sarabeth Tucek als SBT zeréck a presentéiert ee staarken Duebelalbum.
headphones

8 min

play_arrow

Vu Wuerzelen a Flilleken

Dem Südafrikaner Bongeziwe Mabandla seng Musek wuerzelt an der Traditioun vum Afro-Folk, deen op "Amaxesha" modern interpretéiert gëtt.
headphones

9 min

play_arrow

Vu Wuerzelen a Flilleken

Dem Südafrikaner Bongeziwe Mabandla seng Musek wuerzelt an der Traditioun vum Afro-Folk, deen op "Amaxesha" modern interpretéiert gëtt.
headphones

9 min

play_arrow

Ee gudde Jong

Op "Wait Til I Get Over" ass den Indications Bandleader Durand Jones ee gudde Jong.
headphones

7 min

play_arrow

Ee gudde Jong

Op "Wait Til I Get Over" ass den Indications Bandleader Durand Jones ee gudde Jong.
headphones

7 min

play_arrow

E schéinen Duercherneen

Op sengem neien Album "Coast 2 Coast" verbënnt den Duo Pearl & the Oysters Influenze vu Bach bis Beach Boys zu enger faarweger Mëschung.
headphones

5 min

play_arrow

E schéinen Duercherneen

Op sengem neien Album "Coast 2 Coast" verbënnt den Duo Pearl & the Oysters Influenze vu Bach bis Beach Boys zu enger faarweger Mëschung.
headphones

5 min

play_arrow

Verstoppen am oppene Bléckfeld

Op hirer neier Plack "Multitudes" ass déi kanadesch Sängerin Leslie Feist mat sech selwer am Duett, an am Dialog.
headphones

7 min

play_arrow

Verstoppen am oppene Bléckfeld

Op hirer neier Plack "Multitudes" ass déi kanadesch Sängerin Leslie Feist mat sech selwer am Duett, an am Dialog.
headphones

7 min

play_arrow
Ouerwierm mat vill Energie

Ouerwierm mat vill Energie

Déi däitsch Band Robocob Kraus gallopéiert op hirem neien Album "Smile" mat vill Humor duerch divers Theemen a Stiler.
headphones

6 min

Op neie Weeër aus dem Labyrinth eraus

Fir hiren Album "Labyrinth" huet déi amerikanesch Musekerin Heather Woods Broderick déi akustesch Instrumenter géint Synthesizer agetosch.
headphones

7 min

play_arrow

Gebuergenheet an der Orientéierungslosegkeet

Mat "Yian" presentéiert d'Lucinda Chua e staarken Debutalbum tëschent Ambientpop an Identitéitssich.
headphones

6 min

play_arrow

Gebuergenheet an der Orientéierungslosegkeet

Mat "Yian" presentéiert d'Lucinda Chua e staarken Debutalbum tëschent Ambientpop an Identitéitssich.
headphones

6 min

play_arrow

D'Rou selwer

Country aus Kanada: op sengem fënneften Album iwwerrascht de Songschreiwer Doug Paisley mat schéine Melodien an engem entspaante Groove.
headphones

7 min

play_arrow