arrow_back_ios
Kultur
2. Luxembourg Street Photography Festival an de Rotonden
Dëse Samschden invitéiert d'"Street Photography Luxembourg ASBL" op hiren 2. Street Photography Festival an de Rotonden. An den 1930eger hu Fotografe wéi de franséischen Henri Cartier-Bresson oder de schwäizeresch-amerikanesche Robert Frank de Genre bekannt gemaach, haut erlieft en duerch Digitaliséierung an Internet en neien Opschwonk. D'Kerstin Thalau wollt vum President vum Street Photography Luxembourg-Kollektiv, de Paul Bintner, méi gewuer ginn