arrow_back_ios
Kultur
Hommage un de Jean-Paul Jacobs
Provokant a radikal, pointéiert a voller erfrëschendem Esprit ass dem Jean-Paul Jacobs seng Literatur. Obwuel hien zu Berlin gelieft huet, hat hien ni de Kontakt mat Lëtzebuerg ofgebrach. Den Direkter vum Mierscher Literaturarchiv, de Claude Conter huet eng Serie vu Gedichter ausgewielt, déi vun der Schauspillerin Christiane Rausch am Kasemattentheater virgedroe ginn. Derbäi ginn nach Toundokumenter an onpublizéiert Texter virgestallt. D'Valerija Berdi war op der Generalprouf.