arrow_back_ios
Key to Classics
D'Mannheimer Schoul
D'Symphonie, esou wéi mIr se haut kennen, erlieft déi éischt grouss Zäit am 18. Joerhonnert - vIrun allem duerch d'Mannheimer Schoul, den Orchester vum Kurfürst zu Mannheim, deen eppes wéi ee symphoneschen Laboratoire war. Hei konnte vill Komponisten mat der Form experimentéieren - Leit wéi den Anton an de Carl Stamitz, de Franz Xaver Richter oder de Georg Joseph Vogler. De Mozart huet wichteg Impulser vu Mannheim fir seng Aarbecht krut.