Radioen

On air

Notturno  |  Elbow - An Imagined Affair

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

King Goat

Release vun der Woch: King Goat - Debt Of Aeons (8/10)

Eng vun de vielversprechendste jonken engleschen Doom Metal Bands si mat hirem 2. Album Debt of Aeons um Start. Den Nofolger vun hirem Debut Conduit wäert déi nächst Woch den 20. Abrëll erauskommen. An op deene 7 düsteren an heavy Tracks versteet déi jonk Band et vollkommen, wat et bedeit, eng Doom Band ze sinn. Déi clean Vocals, déi ferm u Candlemass erënneren, awer och net ëmmer nëmme clean sinn an och esou fir genuch Dynamik an der Stëmm gesuergt gëtt, gemixt mat de schwéieren Akkord-lastege Riffer verstinn et, ee mat an eng aner Welt ze huelen.

Alleng schonn den Opener Rapture stellt villes, wat bis dato ënnert Doom Metal op de Maart koum an de Schiet.

No esou engem fette Start kéint ee bal mengen, dass King Goat et net vill besser kéinte maachen, ma si kréien et nawell hin, mat hirer Black Sabbath aarteger Düsterheet am nächste Stéck Eremite's Rest, wat ee fette Riff nom anere bitt.

D'Brillianz vun den Doom Meeschtere geet viru mam beandrockenden Titeltrack iert Psychasthenia ee mat senger gespenstescher Melodie a sengem melancholesche Vibe a säi Bann zitt. Highlight vum Album ass awer wuel Doldrum Sentinels, obwuel et fir eng Doom Nummer aussergewéinlech vill Tempo Wiessel an Ännerung an der Tonalitéit huet. Ma et weist, dass King Goat kënnen heavy sinn, oder richteg richteg heavy

De Closer a mat iwwer 10 Minutten och dee längsten Track bréngt den Album op eng ganz wëll awer befriddegend Aart a Weis op en Enn. Definitiv ee vun de beschten Doom Albumen, déi dëst Joer rauskomm sinn.

Playlist

Iron Maiden - The Evil That Men Do

Kobra and the Lotus - Let Me Love You

Cosmogon - Cosmospeedflush

Dawn Of Disease - Leprous Thoughts

Sleepers' Guilt - Sense Of An Ending

Annominus - Submertia

King Goat - Doldrum Sentinels

Necrophobic - Pesta

Kitshickers - Growth

Abstract Rapture - The Cancer In Your Soul

Episoden