Kultur
Word in Progress an der Kufa zu Esch
Den ongewéinleche Liesowend Word in Progress kënnt vu Paräis a gouf vu Lëtzebuerger Auteuren (Claire Leydenbach, Nathalie Ronvaux a Jeff Schinker) an dem Direkter vun der Escher Kulturfabrik (Serge Basso de March) zu Lëtzebuerg an d'Liewen geruff. D'Iddi vun dësem Owend ass et, bekannten an onbekannte Schrëftsteller d'Geleeënheet ze ginn, aus hiren nach net publizéierten Texter virzeliesen an dono mat hirem Public doriwwer ze diskutéieren. All zweeten DënschdeG am Mount gi sech Auteuren an hir Auditeure Rendez-vous am Ratelach an der Kulturfabrik zu Esch. D'Géraldine Raths mat Detailer.