Kultur
Albumbespriechung: What News
Dem Alasdair Roberts seng Folkmusek ass éischter onorthodox. Hie geet d'Traditioun mat engem oppenen an experimentelle Geescht un. Wéi op sengem neisten Album "What News". Eng Collaboratioun tëscht onwahrscheinleche Kandidaten. De Folksänger gëtt vun der elektronescher Musekerin Amble Skuse an dem Pianist David McGuinness begleet. Folkmusek déi net muffeg richt a net verstëbst ass. Presentéiert vum Jamie Reinert.
What News - esou heescht den neien Album vum Alasdair Roberts. De schottesche Folk Museker gëtt op dësem vun zwee ongewéinleche Museker begleet. Aus dëser Collaboratioun ass eng experimentell Folk Plack entstan, op deenen di traditionell schottesch Balladen op eng ganz eege Manéier interpretéiert ginn. Den Jamie Reinert huet era gelauschtert a sech mam Alasdair Roberts ënnerhalen.