arrow_back_ios
Kultur
Nationalbibliothéik um Kierchbierg
Den 18. Dezember soll déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg fir de Public opgoen. Op véier Etagen ass de groussen oppene Raum vun der neier Bibliothéik ënnerdeelt, wou et ronn 500 Sëtzplaze ginn. Mat enger moderner Architektur sollen d'Leit an d'Bibliothéik ugezu ginn, fir esou d'Wëssen an d'Kultur méi attraktiv ze maachen. D'Armanda Scheuer war bei der offizieller Visite vum Chantier dobäi.