Kultur
Musée Kanal zu Bréissel
Et sollt säi gréisst Autohaus an Europa ginn: 1933 huet den André Citroën um Bord vum "Quai des péniches" zu Bréissel e Citroëns-Garage mat enger Gesamtfläch vun 48'000 m2 opriichte gelooss. Haut steet d'Gebai eidel. Am Kader vum "Plan Canal", also vun der Revalorisatioun vum Quartier, ginn elo Showroom an Atelieren an e Konscht- a Kulturzentrum verwandelt. Vum 5. Mee u sinn éischt Visite méiglech, déi tatsächlech Ouverture ass fir 2022 geplangt. Mee d'Käschte vum Projet an de Partenariat mam Centre Pompidou Paris suergen elo scho fir Kontroversen. Vu Bréissel d'Loreline Merelle.