arrow_back_ios
Kultur
Fir verschidde Geschichten ze erziele brauch ee Gedold
Um Filmfestival Movies that Matter, deen Enn Mäerz zu Den Hague war, sinn haaptsächlech engagéiert Filmer gewise gi mat Haaptpersonnagen, déi hir Welt verännere wëllen. Dorënner och eng Rei ganz touchant Documentairen, déi jonk Aktivisten op laang Dauer begleeden. Dës Laangzäit a perséinlech Documentairë ginn e raren Abléck an d'Zäit déi vergeet an op den intimen Afloss vu grousse politeschen Evenementer op déi Jonk. D'Charlotte Bruneau war zu Den Hague.