arrow_back_ios
Blue Note
Live Jazz uechter d'Land an d'Sängerin Jazzmeia Horn
Déi zweet Hallschent vum Mount Abrëll kommen eng Rei vu renomméierten Jazzmuseker op Lëtzebuerg, de Richie Beirach, den David Linx an de Brussels Jazz Orchestra, d'Christine an d'Ingrid Jensen an de Pianotrio The Bad Plus. Mir kucken op déi Concerten a lauschteren nach an eng nei CD vun der jonker amerikanescher Sängerin Jazzmeia Horn eran. Presentéiert vum Jitz Jeitz.