arrow_back_ios
Kultur
Maria van Rysselberghe
Mat hire "Cahiers de Petite Dame" huet d'Maria van Rysselberghe wichteg Ablécker an d'Liewe vum franséische Literaturnobelpräisdréier André Gide erméiglecht. Mee et gëtt elo Zäit, si aus dem Schied vum Gide ervirtrieden ze loossen a si als Autorin eescht ze huelen. Duerch hir Liaisoun mat der Aline Mayrisch ass d'Maria van Rysselberghe och zu Lëtzebuerg keng Onbekannten. Informatioune vum Sophie Thoma.