arrow_back_ios
Kultur
Impakt-Filmer: Aktivismus am Documentaire
D'Welt vum Dokumentarfilm ass am Wandel. Fir vill Realisatricen a Realisateuren ass et haut wichteg, datt hir Filmer net just de Spectateur beweegen, mee iwwer hire cinematographesche Wäert eraus en Impakt op d'Gesellschaft hunn. Zu Den Haag ass d'lescht Woch de Filmfestival Movies that Matter gelaf, mat enger grousser Selektioun vun engagéierten Documentairen. D'Charlotte Bruneau war op der Plaz.