arrow_back_ios
Kultur
Biller vun der Revolutioun
Nach bis den 20. Mee hutt Dir - zu Paräis am Gebai vun de Beaux-arts - d'Geleeënheet fir d'Ausstellung "Images en lutte La culture visuelle de l'extrême gauche en France (1968-1974)" kucken ze goen. Op zwee Stäck ginn an engem vun den Zentre vu MAI '68 Dokumenter, Publikatiounen, Affichen a Konschtwierker ausgestallt, déi, wéi seele soss, Konscht a Politik mat enee verbonnen hunn. De Christian Mosar war d'Ausstellung kucken.