Kultur
Wäin, Schockela, Brout an de Karl Marx
Wousst der schonn, datt de groussen Denker Karl Marx Wäin immens gären hat an och nawell zimlech vill vun deem alkoholiséierten Drauwesaaft gedronk huet? Dofir passt et och, datt elo grad richteg fir d'Joer, wou un dem Karl Marx säin 200. Anniversaire erënnert gëtt, eng ganz Partie Wënzer de Philosoph op hirem Wäinetikette veréiwegen. Mä och aner Geschäftsleit wëlle mam Karl Marx Sue verdéngen. Et gëtt elo e Karl-Marx-Brout an enger lokaler Bäckerei, oder Schockela mam Marx drop. Mä passt dat zesumme mam echte Marx? Zäit fir eng Äntwert ze fannen an e Faktencheck ze maachen, fënnt d'Solveig Naber vum SWR.