arrow_back_ios
Kultur
Festival Perspectives
De Festival Perspectives ass en Treffpunkt fir all déi Leit, déi speziell Inzeenéierunge wëlle gesinn an net onbedéngt en alldeeglechen Theater. Fir déi 41. Editioun ginn eelef Produktioune presentéiert: Zirkus, Danz a verschidden Theaterowenter wäert de Public tëscht dem 17. a 26. Mee ze gesi kréien. D'Directrice Sylvie Hamard huet dem Armanda Scheuer am Virfeld vum Festival versprach, datt vill flott Opféierunge presentéiert wäerte ginn.