arrow_back_ios
Kultur
E Guernica aus dem Mudam zu Paräis
No deem "Guernica" 1937 am Spuenesche Pavillon op der Weltausstellung zu Paräis gewise gouf, huet eng Odyssee vu bal 20 Joer ugefaangen. Am Paräisser Musée Picasso ass eng nei Ausstellung iwwer d'Enstehungsgeschicht vum Picasso sengem "Guernica" opgaangen. Eng Expo, bei där am Mëttelpunkt e grousst Wierk aus der Sammlung vum Mudam gewise gëtt. De Christian Mosar huet déi nei Guernica Ausstellung gesinn.