arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Recital mat kolumbianesche Kläng
An Centre des Arts Pluriels ass haut den Owend (28.3.2018) e Concert vum Santiago Cañón Valencia, engem jonken Cellist aus Kolumbien, deem seng Carrière d'lescht Joer e grousse Sprong no vir gemaach huet, wéi hie um Concours Reine Elisabeth deel geholl huet.
De Luc Boentges huet sech mam Santiago Cañón Valencia getraff a mat him iwwer de Concours, den Cello an de Programm vum Concert geschwat.