Klassik aktuell
"Debussy n'a pas suivi des chemins balisés"
7 min
"Avec ou sans patriotisme, la guerre c'est du désordre accumulé. J'ai horreur du désordre, donc: je n'aime pas la guerre", schreift de Claude Debussy. Wéi 1914 den Éischte Weltkrich ausbrécht, ass och den Debussy, wéi aner Komponisten, net vun der nationalistescher Begeeschterung verschount bliwwen. En huet am Fong bedauert, datt e wéinst sengem Alter net méi agezu gouf. Mee beim Debussy hu sech éischt Symptomer vu Kriibs manifestéiert, déi Kränkt, un där hien de 25. Mäerz 1918 - virun 100 Joer- gestuerwen ass.