Klassik aktuell
D'Brockes-Passioun
8 min
De Barthold Heinrich Brockes war e promovéierte Jurist aus guddem Haus, deen et sech leeschte konnt, och nach eng Carrière als Schrëftsteller ze maachen. Dem Brockes seng Wierker waren am 18. Joerhonnert Bestseller, besonnesch säi Passiounslibretto vu 1712 "Der für die Sünde der Welt gemarterte und Sterbende Jesus". Dës Brockes-Passioun gouf en etlech Mol vertount: vum Telemann, vum Händel an och vum Reinhard Keiser. De Vokalensembel "Vox Luminis" an den Orchester "Les Muffati" féieren dem Reinhard Keiser seng Brockes-Passioun e Sonndeg (25.3.2018) bei de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette op.