Kultur
"Échappée": de Bernard Pagès huet den Duerchbléck um Wandhaff
8 min
D'Kënschtler-Beweegung "Supports/ Surfaces" gëlt a Frankräich als Matbegrënnerin vun der zäitgenëssescher Konscht. Enn der 1960eger hate sech eng Dosen Artisten am Süde vum Land géint d'Iwwermuecht vun der Économie an der Ideologie an der Konscht gewiert, andeems se an hiren Aarbechten d'Supporten an d'Surface selwer zum Sujet gemaach hunn. Ironescherweis hunn hier Wierker haut a Galerie grousse Succès. Aktuell presentéieren zum Beispill d'Galeriste "Ceysson et Bénétière" Skulpture vum Bernard Pagès. D'Kerstin Thalau huet de Kënschtler kenne geléiert.