arrow_back_ios
Key to Classics
De Roi-Soleil
headphones
30 min
Lauschteren
play_arrow
De Louis XIV war net nëmme selwer e begeeschterten Dänzer a Museker, dee sech dacks héchstperséinlech an Opereproduktiounen agemëscht huet, d'Musek war generell e wichtegt Element vu sengem Règne. Si huet d'Liewe vum Monarch rhythméiert a war feste Bestanddeel vu senger Muechtrepresentatioun. Fir d'Musek war déi Zäit ee Glécksfall. Vill dichteg Komponisten hu fir den Haff vu Versailles geschafft an ee grousse Fundus vun exzellenter Musek hannerlooss.