Klassik aktuell
Aller Anfang ist Bach
Ee vun den talentéiertste Pianiste vu senger Generatioun ass ouni Zweiwel den US-Amerikaner Kit Armstrong. E Multitalent: Hien schwätzt vill Sproochen zimlech perfekt, huet e Master an der Mathematik un der Paräisser Uni Pierre et Marie Curie an e Museksstudium um Curtis Institute of Music, der Royal Academy of Music, dem Imperial College of Music zu London an op der University Chapman a Kalifornien gemaach. De Kit Armstrong ass de Solist um Piano an op der Uergel am Concert de Méindeg, 19. Mäerz, an der Philharmonie mat de Solistes Européens. De Manuel Ribeiro huet sech mam jonke Museker ënnerhalen.