arrow_back_ios
Aktuelles
Nestwärme Luxembourg Asbl - Fir wien a wou?
nestwärme e.V. Deutschland mat Sëtz zu Tréier besteet zanter ronn 20 Joer an ass een Entlaaschtungsnetzwierk fir Famille mat chronesch kranken an handicapéierte Kanner. Wéi d'Asbl. zanter dem Dezember d'lescht Joer zu Lëtzebuerg fonctionnéiert, gëtt een op zwou Informatiounsversammlunge gewuer, den 21. Mäerz an den 18. Abrëll 2018 am Siège vun der BGL BNP Paribas um Kierchbierg. Online kann een dat noliesen op www.nestwaerme.lu. Hannergrondinformatioune gëtt d'Presidentin Petra Moske am Gespréich mam Gilles Wunsch.