Konferenzen
Bau der Reichsautobahn in der Eifel 1939-1941/42
56 min
Am Joer 1939 hunn d'Bauaarbechten un der Autobunn tëschent Koblenz an Tréier ugefaangen. Niewent däitschen Zaldoten haten d'Nazien auslännesch Zivilaarbechter, Krichsgefaangener a Prisonéier als Zwangsaarbechter agesat. Dës waren an ongeféier fofzeg Aarbechtslager internéiert. 1941, am Fréijoer, ass de Projet un d'Stoe komm, well déi meeschten Zwangsaarbechter an d'Rüstungsindustrie an an den Osten ofgezu goufen. D'Nazien haten op Uweisung vum Gauleiter Simon, fir deen dës Autobunn e Prestigeprojet war, elo verstäerkt Lëtzebuerger an d'Lager internéiert: Studenten, Beamten a Fräiberuffler, Prisonéier a Membere vun der Resistenz.
Am August 1941 haten d'Nazien domat ugefaangen, d'Lëtzebuerger Judden am fréiere Klouschter zu Clairefontaine an enger Aart Ghetto z'isoléieren, fir d'éischt al a krank Leit. Parallel dozou goufen all aarbechtsfäeg Männer bis zum Alter vu 60 Joer fir d'Zwangsaarbecht erfaasst. 54 vun hinne goufe gezwongen an d'Autobunnlager Greimerath bei Wittlich ze goen. Hei hu si misste schwéiersten Aktivitéiten nogoen, ouni Aarbechtskleedung an Aarbechtsschong. Ënnert de jüddeschen Zwangsaarbechter waren och eng Rei Leit aus dem Iechternacher Raum: si waren hei gebuer, hei emigréiert, respektiv geflücht, oder haten hei Aarbecht fonnt.
E Virtrag vum 7. Mäerz an der Krypta vun der Iechternacher Basilika vum Wolfgang Schmitt-Koelzer, enregistréiert a verschafft vum Carlo Link.
De Woflgang Schmitt-Koelzer (© Carlo Link), huet Politologie an Anglistik studéiert an an der berufflecher Bildung enseignéiert. Hien huet verschidde Bicher iwwer regional Geschichte aus dem Raum Manderscheid a Wittlich erausginn, ënnert anerem d'Buch: Bau der Reichsautobahn in der Eifel (1939-1941/42). Hien ass Member am Förderkreis vum Emil-Frank-Institut vun der Universitéit Tréier a bei Memoshoa Lëtzebuerg.