Klassik aktuell
Oper a Science Fiction
Den Artur C. Clarke hat a sengem Roman "A Space Odyssey 2001" viru kënschtlecher Intelligenz gewarnt. Am Roman "Solaris" huet och de Stanislaw Lem virun der selwechter Gefor gewarnt, mee hien thematiséiert och d'Arroganz vum Mënsch virun deem Onbekannten, an dësem Fall en neie Planéit. De Michael Obst huet seng Oper "Solaris", déi um Lem sengem Roman baséiert, 1996 fir d'éischt gewisen. Zu Saarbrécken ass iwwermuer Donneschdeg an der alten Feuerwache d'Première vun enger neier Produktioun. De Manuel Ribeiro huet mat der Dramaturgin vum Saarbrécker Staatstheater, Frederike Krüger, geschwat.