arrow_back_ios
Kultur
D'Paula Modersohn an der Villa Vauban
D'Paula Modersohn-Becker war eng däitsch Molerin, déi haut als eng vun den wichtegste Vertriederinne vum Fréi-Expressionismus gefeiert gëtt. A 14 Joer huet si ronn 750 Tableauen, 1.000 Zeechnungen an eng Dose Gravure geschaf. Mat nëmmen 31 Joer ass d'Kënschtlerin 1907 un de Suitte vu Komplikatioune bei hirem éischten Accouchement gestuerwen. Bis de Juni presentéiert d'Villa Vauban der Paula Modersohn-Becker hiert d'Wierk. D'Kerstin Thalau war kucken.