arrow_back_ios
Zäithistoriker
Wien huet Angscht virum Leo Bronstein?
An den Drëssegerjoren huet d'Ofwier virun de Flüchtlingen aus Däitschland d'Lëtzebuerger Regierung beschäftegt. Mä et war en Exilant aus der Sowjetunioun, deem seng Arees si ganz besonnesch wollt verhënneren. De Revolutionär Leo Trotzki, dee vum Stalin aus der Sowjetunioun verdriwwe gi war, huet nämlech zu där Zäit an enger Rei vu Länner Asyl ugefrot. D'Zäithistorikerin Renée Wagener huet dem Leo Bronstein seng Liene mat Lëtzebuerg verfollegt.