arrow_back_ios
Kultur
Den Otto Modersohn an der Villa Vauban
"Hannert all staarkem Mann steet eng staark Fra", dee Saz hu mir dach all schonn emol héieren. Mee wie steet hannert enger staarker Fra? Zemools an Zäiten, wou si net staark ze sinn huet .... a scho guer keng Kënschtlerin! D'Paula Modersohn-Becker ass esou eng Fra, eng Molerin aus dem 19. Joerhonnert. Haut sinn hir Tableaue Verméige wäert, mee zu Liefzäiten huet d'Welt si ignoréiert. Net esou hire Mann, den Otto Modersohn. D'Kerstin Thalau mat Explikatiounen.